Schwëmm
Di schwaarz Spann ass di éischt di rem a mengem Gedächtnis eropspréngt… emmer rëm… an de kaalen Duschen am Keller vun der Schwëmm…di fett schwoarz Spann, mat hieren sechs Been an hierem hoeregen Kierper… emmer rëm… ass se opgedaucht aus dem Ooffloss, huet hier Ronn gedréint an ass rem an hiert kaal, fiicht Lach oofgedaucht…emmer rëm…dann den Turnproff, dee léiwer bei de Meedercher waar wi bei eis jongen. Eis aleng gelooss huet, mech aleng gelooss huet tëscht all de fléienden Peitschen aus naassen Handdicher, den schnellen Hänn di un de Boxen zéien, etc… mais am Fong, woar et besser sou, wi mat deem Drecksaak aleng… Uewen waar et och net vill besser, t’Fensteren waaren freckt, Dieren vun de Kabinnen morsch an hier Wänn duerchlächert gin mat all méiglechen Utensilien a beschriwwen matt Saachen di ech deemols nëmmen eroden konnt. Iwwert allem e Geroch vun Schweess, Seef, Nylon, dreckegen Kalzongen a Sperma…
Ech waar definitv scho laang net mi an der Schwëmm zu Esch…
De realsozialisteschen Charme ass fort, mais t’Personal ass nach emmer eemol sou flapseg wi t’aanert…postmodern Architektur hin oder hier… lo kritt een en digitalen Badge, fier sai Schaaf op ze maachen… sou erklärt mer et mool den Tippchen deen mengt ech soll net mat mengen Schung iwwert den dreckegen Buedem treppelen… t’Schwëmm ass aanescht, un den neien Hygiènestandard muss ech mech nach gewinnen…soit…
Eischt Ronn am kaalen Waasser: enger Linn no ze schwammen ass net evident…ech spieren fett Kierperen, di lautlos laanscht mech gleiten, wi e Rudel Pottwalen…Hier Hait si fetteg a seideg, hier Neel schaarf…
Ronn 7: do ass en, dee Geschmaach deen di ganz Kandheet rëm oprifft wi en fucking Computerprogramm: Chlor an der Maul, an der Nues, op de Schlaimhéit…et pickt, mais et deet gutt… de Proust haat seng blöd Madeleine, dee leiten huet de Chlor aus der Escher Schwëmm… winnstens deen ass nach bliwwen… ech froen mech wou di blöd Spann da lo ass, op se se mat abétonéiert hunn am Keller, op se nach ëmmer do ennen waart, vlait ass se jo och an der Rent oder der LSAP beigetratt a si plangt di nei Brillplaatz…
Lo kann ee jo och dobaussen eremschwammen… do erenneren ech mech, dass ech awer schon eng kéier hei waar…fënnef Joer muss daat hier Sinn an net aleng…und es war Sommer… ech haat Liebeskummer, an waar wahrschéinlech méi op di kleng Titten konzentréiert, di ech ni mools mi sollt upaaken wi op de Rescht… Gesiiter konnt ech deemols wi haut vergiessen, den éiwegen Virdeel vun den Kuerzsichtegen: ech dinn main Brëll aus an daer sidd allegeurten glaich, juste Gesiiter aus Brai, Eenheetsbrai… ech muss do wahrscheinlech Salzgehalt am Waasser slightly an t’Luucht gedriwwen hun…alles verdrängt… a schnell rem eran… nach e puer Ronnen um Reck..obwuel et jo sollten Längten sinn…rout Rechtecker um Plafong maachen daat ganzt zu enger Aart Tetris, wou ech muss tëscht de Bléck duerch…nodenken an antauchen, net op de blöden RTL lauschteren deen iwwerall widder t’Plättercher schaalt… nodenken, ooftauchen…
Lo huet Esch eng Rutschbaan an der Schwëmm, fréier haaten mer eng fett Spann…iwwerhaapt huet sech vill geännert an der Oarbeschterstad ouni Oarbeschter, an der Minettemetropol ouni Zentrum, an deem Dreckslach ouni Enn matt all sengen huelen Fassaden, sengen kleng a Grousskriminellen, sengen akaaften Flicen, sengen Schrei di keen héieren wollt, sengen Paraden di keen blechen kann, sengen Doudegen di keen éieren wollt, sengen Sëffer, sengen Dealer, segen Rëffbuden iwwert Kaffien an chineseschen Restoen, wou vergiesse Lait sech verstoppen, sengen Bieren, Giesen a Jugoen, sengem Blutt um Goarer Buedem, sengen Kanner di den Daach drop rëm do spillen… deemols woaren se all arem Séi, lo well keen mi eng sinn… deemols hun Buergermeeschteren ausgesinn wi Blechdousen haut gesait Si aus wi se heescht…deemols woar net alles besser an haut ass nach laang net alles gutt… ech mengen ech sin awer eng verbrueten aal Sau…
Eraus hei…
Nach eng Ronn am Park gedréint, mool vu baussen gekuckt…t’Holz vun der Fassad gett lues a lues gro, merci ArcelorMittal… haat nët geduecht datt di Zigrett lo giff schmaachen… gewinnt een sech un alles… hannendrun ass och nach e resto… an do setzen se: t’solariumsgebräunten Hausfraaen-Liedertäschen-Kraizungen di eng Carpaccio-Orgie féieren… gett wuel naischt mam Béierchen…
…ech mengen ech sin awer eng verbrueten jonk Sau…
Tags:
04/09/2009
kleng info: et ass net den chlor alleng deen an den aan pickt an den typesche geroch fun enger schwämm ausmecht… dofir braucht et nach eng 2. Zoulaag…u know